Dem Dr. Dre géif et deementspriechend gutt goen, seet ënner anerem säin enke Frënd a Rapper Ice-T.

D'Hip Hop Legende Dr. Dre huet d'Spidol nees verlooss. De Museker war de 5. Januar wéinst engem Aneurysma am Gehier an ee Spidol zu Los Angeles ageliwwert ginn.

Vill Fans hunn sech doropshi Suerge gemaach, elo gëtt et awer Entwarnung duerch ee vu senge gudde Kolleegen, dem Ice-T. Op Twitter schreift de Rapper, dass hien an den Dr Dre matenee gefacetimed hätten. Den Dr. Dre wier deemno lo nees doheem an et géif him gutt goen.

Den US-Portal "TMZ" mellt allerdéngs, dass den Dr. Dre och doheem de ganzen Zäite medezinesch betreit gëtt. Seng Dokteren hätte senge Frënn a Famill awer gesot, dass een sech keng Suerge misst maachen.