© Emma McIntyre / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
De Schauspiller war schonn ëmmer ee Wrestling-Fan. Wäert een hien an Zukunft och selwer am Ring gesinn?
Dass de Matthew McConaughey wandelbar ass, an een ausseruerdentlecht Schauspilltalent huet, dat huet hien eis a ville Filmer scho bewisen.
Ma kënnt dir iech den 51-Järegen als zukünftege Wrestling-Star virstellen?
De Schauspiller ass grousse Wrestling-Fan an huet och seng Fra a seng 3 Kanner mat senger Begeeschterung dofir ugestach.
An engem Podcast-Interview huet hien elo ugedeit, selwer an de Ring klammen ze wëllen a kéint sech och virstellen fir World Wrestling Entertainment u Kämpf deelzehuelen.
"Ech wäert dozou net vill soen, well dir wësst, dass een näischt iwwert sou Saachen erziele kann, mee et ass eppes, wat mech interesséiert", esou de Schauspiller am Interview.