© VALERIE MACON / AFP
Déi Zwee si schonn d'lescht Joer Eltere ginn, hunn et elo awer eréischt offiziell gemaach.
Den Justin Timberlake an d’Jessica Biel hunn antëscht zwee Kanner. Wat scho méi laang ee Gerücht war, huet de Sänger Justin Timberlake elo an engem virtuellen Talk mat der US-Talkmasterin Ellen DeGeneres confirméiert.
Deemno huet d’Jessica Biel een zweete Bouf mam Numm Phineas op d’Welt bruecht. De klenge Phin soll schonn am Juli d’lescht Joer op d’Welt komm, hat op d’mannst dem Justin säi fréieren NSYNC-Kolleeg Lance Bass virun e puer Méint verroden.