An der Doku "Dancing with the devil" erzielt hatt, wat an de leschten zwee Joer geschitt ass.

D'Demi Lovato huet zënter Jore mat psychesche Problemer ze kämpfen, doriwwer schwätzt hatt scho méi laang ganz selbstbewosst an der Ëffentlechkeet.

Mat sengem éischte Film "Simply Complicated" huet hatt senge Fans well ee ganz emotionalen Abléck a seng Alkohol- an Drogesucht ginn. Elo huet d'Sängerin op Twitter annoncéiert, dass et eng zweet Doku wäert ginn. An zwar vum 23. Mäerz un op Youtube.

D'Doku ass a 4 Deeler an heescht "Dancing with the Devil". Doranner erzielt hatt, wat déi lescht zwee Joer geschitt ass. Dat wiere sou vill Saachen, déi hatt scho méi laang erziele wollt, mee him d'Wieder dofir gefeelt hunn.