D'Katy Perry erniert säin Hond vegan, a léisst domadder eng Diskussioun aus.

D'Sängerin Katy Perry ass jo mol gäre fir déi eng oder aner Iwwerraschung gutt. Mee mat sengem neiste Post huet sech d'Sängerin wuel keng Freed gemaach.

Mat engem Ernierungswiessel fir säin Hond kasséiert hat lo ee fette Shitstorm. Déi 36-Järeg huet op Twitter geschriwwen, dass hatt elo vegan wëll liewen a säin Hond géif sech deem uschléissen.

"Ech sinn zu 95 Prozent bereet, 100 Prozent VEGAN ze sinn. Mäin Hond Nugget begleet mech zënter 4 Méint op dëser Rees. Biet fir eis, ok", esou d'Katy op Twitter. Zwee Sätz, déi vill vun hire Follower op d'Palm bréngen a fir vill Onverständnis suergt.

"Hënn sollten net vegan liewen", schreift z.B. een Notzer. Een aneren hofft dass d'Sängerin mat hirer veganer Ernierung fir den Hond et net sou eescht gemengt huet. "Ech hoffen, Nugget huet sech dech nëmmen als emotional Ënnerstëtzung ugeschloss", schreift dësen Notzer.

Nieft ville kritesche Kommentare gëtt et fir d'Katy Perry awer och e bëssen Zousproch. Sou sinn e puer Notzer der Meenung, dass jidderee selwer entscheede sollt, wéi hie säin Hond erzitt an och erniert.