Oha....dem Meghan säi Papp wëll ee Film iwwert dem Meghan säi Liewen dréinen, deen dëst Joer eraus soll kommen.

Den Thomas Markle léisst net labber. Hien hat schonn ee perséinleche Bréif vun him u seng Duechter ëffentlech gemaach an dowéinst war et viru Geriicht gaangen. Elo plangt hien anscheinend eng Doku iwwert d'Liewe vum Meghan ze dréinen. De fréiere Liichtregisseur huet sech der brittescher Zeitung  "The Sun" no dofir mat engem Kameramann zesumme gedoen. Dat gemeinsaamt Wierk kéint deemno nach dëst Joer fäerdeg ginn.

U sech huet den Thomas Markle well d'lescht Joer an enger Doku matgewierkt. Mat sengem eegene Film hofft hien der Zeitung no awer ee méi "komplett Bild" ze weisen. Et fänkt mat sengem Liewen un, senger Famill, senger Léift zum Theater an der Telé a wéi et dozou komm ass. Da säi Liewe mam Meghan, wéi hatt opgewues ass, seng Schoulzäit, bis et op de College gaangen ass a wéi seng Karriär ugefaangen huet.  Dem Meghan, dat kee sou gutt Verhältnis mat sengem Papp huet, wäert dat wuel guer net gefalen.