© Screenshot Youtube / https://www.youtube.com/watch?v=yogOhlByK9A
Wa schonn duerchstarten, da richteg. Nom Vogue-Cover huet d'Leni Klum elo d'Berlin Fashion Week dierfen opmaachen.
D’Leni Klum huet elo mol ganz labber mat 16 Joer d’Mercedes Benz Fashion Week zu Berlin opgemaach. Déi leeft wéinst der Pandemie digital of a gëtt via Livestream iwwerdroen.
Fir de "Berliner Salon" huet d'Leni deemno d'Looks fir Hierscht/Wanter 2021 an engem Video presentéiert.
Eréischt viru kuerzem huet déi jonk Fra hiren Debut als Model ginn, a war um Cover vun der däitscher Vogue.
Fir dat 16 Joer jonkt Model ass den Job op der Fashion Week, genee wéi um Cover vun der Vogue ze sinn, nees ee groussen Job, een Job op dee vill aner Models neidesch sinn. Dofir muss sech d'Leni och vu villen unhéieren, dass hatt just den Job krut, well seng Mamm d'Heidi Klum ass.
Den Numm "Klum" verkeeft sech halt gutt, a vum Leni wäert et dohier och an den nächste Wochen, Méint a Joren nach vill héieren.