© Screenshot Youtube
Enn 2020 hat d'Band hiren Insta-Account nees aktivéiert.
Déi erfollechräichst däitsch Girlband „No Angels“ plangt anscheinend ee Comeback, 21 Joer no hirer Grënnung bei der Emissioun „Popstars“.
Der „Bild-Zeitung“ no solle 4 vun hinnen, d'Sandy, d'Lucy, d'Jessica an d'Nadia ee Comeback op der Bün an enger Teléssendung plangen. Detailer dozou ginn et keng. Si wëllen deemno all d’Hits nei opleeën. Och den erfollechräiche Song „Daylight“.
Enn 2020 hunn si hiren Insta-Account nees an d’Liewe geruff. Ee vun hinne mécht net méi mat, d’Vanessa huet kee Bock méi op dat Ganzt, dat hatt d’Band 2003 verlooss.