© Saul Loeb/ AFP
Der neier US-Vizepresidentin hire Mann ass den éischte "Second Gentleman".
D'Partner vun de Vizepresidente stoungen an den USA bis ewell am Schied vun der First Lady. Mat der éischter Vizepresidentin Kamala Harris gëtt et awer elo een neien Titel: nämlech dee vum "Second Gentleman". Deen Titel huet elo dem Kamala Harris hire Mann, den Doug Emhoff an domat zitt hien natierlech d'Opmierksamkeet op sech.
Fir Gespréichstoff suergt awer och een Interview vun der Koppel op CBS. Do hat d'Kamala nämlech verroden, dass si sech op engem Blinddate kennegeléiert hunn. Dem Kamala seng Frëndin hat dat organiséiert an him gesot, den Doug net ze googelen. Dat huet déi nei Vizepresidentin awer gemaach, eppes wat den Doug bis ewell net wosst.
Den neie "Second Gentleman" war deemols Affekot fir Medierecht an zënter e puer Joer divorcéiert. Mat senger éischter Fra hat hien zwee Kanner. D'Harris war deemools Justizministesch a General-Affekotin vu Kalifornien. Direkt no engem Joer hunn sech déi Zwee bestuet.
D'Kamala Harris an den Doug Emhoff wäerten elo an den Number One Observatory Circle zu Washington plënneren, dem offizielle Wunnsëtz vun de Vizepresidenten.