© Roberto Schmidt / AFP
D'Melania Trump (50) ass aus dem Wäissen Haus geplënnert an déi nei First Lady Jill Biden (69) plënnert an d'Wäisst Haus.
Déi zwou First Ladies kéinte kaum méi ënnerschiddlech sinn.
Déi 69 Joer al Jill Biden ass Englesch-Proff. Och als First Lady wëll si weider un hirer Passioun festhalen a wäert weiderhin ënnerriichten, esou déi nei First Lady an engem CBS-Interview.
D'Jill Biden gëllt als Volleksno an engagéiert, an als eng Fra, déi hirem Mann net d'Show klaut. Hire Kleederstil ass éischter schlicht an onopfälleg.
© Nicholas Kamm / AFP
De Kontrast zum ëmmer gestyltem Melania Trump kéint kaum méi grouss sinn. Dat fréiert Model aus Slowenien huet virun allem mat hiren deiere Looks fir Schlagzeile gesuergt. Ëffentlech huet déi fréier First Lady éischter keng sou grouss Roll gespillt. Si huet éischter kal, distanzéiert an oninterésseiert gewierkt.
D'Melania Trump huet iwwerdeems mat enger Traditioun gebrach. Si huet déi nei First Lady Jill Biden net op den traditionellen Téi mat hir am Wäissen Haus + Visitt invitéiert, sou wéi dat zënter de 50er Joren Traditioun ass.
Si huet um Enn vum Donald Trump senger Amtszäit awer eng lescht Ried gehalen, déi opgeholl war an op Twitter publizéiert gouf.