© Mike Coppola / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Dem Britney Spears seng Schwëster geheit dem Tesla-Chef vir, fir den Dout vu ville Kaze responsabel ze sinn.
„Den Elon Musk huet meng Kazen ëmbruecht“, dat seet elo dem Britney Spears seng Schwëster, d’Jamie Lynn Spears.
Hatt seet zwar net dass den Tesla-Chef selwer Schold ass, mee seng Elektro-Autoen. Déi géif ee sou gutt wéi net héieren, an dowéinst géife permanent Kazen dout gefuer ginn. D’Jamie Lynn huet dat wuel selwer erlieft mat hire Kazen.
Mëttlerweil huet hatt seng Insta-Story nees geläscht. Et huet sech méi spéit awer nach eemol gemellt, an dem Musk den Tipp ginn, ee Piipsert an d’Autoen anzebauen, dass dat net méi geschitt.