© AFP / JOHN THYS
D'Klima-Aktivistin sot dem ofgewielte President op Twitter mat Sarkasmus Eddi.
Déi schweedesch Klima-Aktivistin Greta Thunberg huet elo mat engem ironeschen Tweet op dem Trump säin Abschied aus dem Wäissen Haus reagéiert.
Op Twitter huet d’Greta eng Foto vum Trump gepost, wéi hien an den Helikopter klëmmt, mam Saz: „Hie wierkt als een zimmlech glécklechen ale Mann, deen sech op eng wonnerschéin Zukunft freet. Schéin ze gesinn.“
Den Trump, deen hat dem Greta seng emotional Ried 2019 zu New York mat deem bal selwechte Saz kommentéiert, eben: „Hatt wierkt wéi ee ganzt glécklecht Meedchen, dat sech op eng grouss Zukunft freet, schéin ze gesinn.“