© ALEX HALADA / AFP
De fréieren Terminator huet sech an den USA géint de Coronavirus impfe gelooss an deelt de Video an de soziale Medien.
De fréiere kalifornesche Gouverneur a Schauspiller Arnold Schwarzenegger (73) huet sech géint de Coronavirus impfe gelooss. Hien huet ee Video dovunner a senge Social-Media-Kanäl gepost. Doranner gesäit ee wéi hien sech an engem Auto an enger Impfstroossen am Sëtzen impfe léisst.
Dozou schreift hien: "Haut ass ee gudden Dag. Ech war nach ni sou frou an enger Schlaang ze stoen. Wann dir kënnt, maacht dat selwecht a melt iech un, fir ären Impfstoff ze kréien. Kommt mat mir, wann der liewe wëllt".