Déi eng fannen et gutt, déi aner manner. Mee fort sinn d'Hoer elo awer egal wéi!

D'Fans vum kanadesche Sänger Shawn Mendes dierfte wuel gestaunt hunn. Op eemol huet de Shawn einfach eng Story gepost mat enger neier Coiffure. An der Pandemiezäit hat de Sänger seng Hoer nämlech nees wuesse gelooss. Op Fältesdag hat d'Camila nach eng Foto gepost vu sech an dem Shawn. Dobäi d'Caption: "My Valentine's got a ponytail." Op dat elo de Grond war fir d'Hoer schneiden, oder ob de Rendez-Vous scho méi laang geplangt war wësse mer net.

Ma d'Fans vum Shawn hunn dann och ganz gemëscht reagéiert. Ee groussen Deel huet sech effektiv gefreet, dass de Shawn nees mat sengem gewinnte Look ënnerwee ass. Et ginn awer och ganz kloer ee gudden Deel bei senge Fans, déi déi laang Mähn gefeiert hunn, och well et emol eppes anescht war. Déi gutt Saach: Hoer wuesse jo bekanntlech no!