De Reality-Star an de Rapper Kanye West solle schonn zanter e puer Wochen getrennt sinn.

Ëmmer rëm goufen et Rumeure ronderëm eng Trennung tëscht dem Kim Kardashian a Kanye West. Den Affekot vum Kim Kardashian soll elo d'Scheedungspabeieren offiziell agereecht hunn, dat mellt den amerikanesche Fernseesender Fox News.

D'Kim an de Kanye haten sech 2014 bestuet an hunn zesumme 4 Kanner.

Allebéid hunn sech nach net offiziell zu der Scheedung geäussert.