No de Mëssbrauchsvirwërf géint de Schock-Rocker huet d'Police vu Los Angeles elo d'Ermëttlungen ageleet.

Tëscht 2009 an 2011 soll et zu direkt e puer Virfäll mam Marilyn Manson komm sinn. Seng deemoleg Frëndin an US-Schauspillerin Evan Rachel Woods huet schwéier Virwërf géint hien erhuewen. Kuerz nom Woods senger Ausso hunn och aner Fraen änlech Aussoe gemaach. Dëse Virwërf geet een elo no, esou d'Police.

D'Beschëllegunge gi vu sexuellem Mëssbrauch, Manipulatioun, erzwongenem Drogekonsum, Aschüchterung, kierperlecher Gewalt, Vergewaltegung bis hin zu Mordmenace.

D'Ermëttlunge sollen an dëse Fäll dann elo géint de Brian Warner, sou dem Manson säi richtegen Numm, ageleet ginn, dat confirméiert ee Policevertrieder der Noriichtenagence AFP um Freideg.

De Manson selwer weist all Uschëllegungen zeréck a seet d'Virwërf wieren eng "fierchterlech Verzerrung vun der Realitéit".

Schonn 2018 waren a Bezuch mat de Mëssbrauchsvirwërf géint de Harvey Weinstein och Uschëllegunge géint de Manson gemaach ginn. Dëst opgrond vun presuméierten Sexualdelikter am Joer 2011. D'Ermëttlunge goufen deemools awer agestallt.