Ee Mann vun 23 Joer soll d'Sängerin stalken.

D'Billie Eilish fäert ëm seng Sécherheet. D'Sängerin fillt sech zënter Méint vun engem Mann menacéiert, deen sech ëmmer nees an der Géigend vu sengem Elterenhaus ophält. Hie schreift him ëmmer nees Bréiwer mat Menacen. "All Kéiers wann ech hie gesinn, wëll ech einfach nëmme jäizen", esou gëtt d'Sängerin zitéiert.

Dowéinst ass déi 19 Joer al Sängerin bei d'Police gaangen. Den US-Medien no hunn d'Autoritéiten ee Kontakt-Verbuet géint een 23 Joer ale Mann verhaangen. Ufank Mäerz soll et eng weider Unhéierung ginn.