...an doriwwer sinn der vill net frou.

D'Supermodel Cara Delevingne zielt zu den erfollegräichste Modelle weltwäit. Säi Verméige gëtt op 34 Milliounen Euro geschat. Ëmsou méi suergt d'Model mat dëser Neiegkeet fir Opreegung. Hatt soll staatlech Corona-Direkthëllefen ugefrot hunn.

Déi 28-Järeg huet zesumme mat senger Famill eng Immobilienentreprise a soll elo wéinst Ëmsaz-Aboussen opgrond vun der Pandemie d'Direkthëllefe vum Staat fir hir Entreprise ugefrot hunn.

Der brittescher Zeitung "The Sun" no sollen sech vill Britten déi Stéiere bezuelen, doriwwer beschwéiert hunn.