Ee Fotograf huet eng Plainte géint d'Hilary Duff agereecht, well hatt hien als pedophil bezeechent soll hunn.

D'Hilary Duff hat sech Ufank 2020 mat engem Fotograf ugeluecht, dee säi Jong an aner Kanner beim Fussballspille fotograféiert huet.

Wéi si de Mann opgefuerdert huet domat opzehalen, an deen dat net direkt gemaach huet, huet d'Schauspillerin ee Video dovunner gepost an de Mann beschëllegt Mannerjäreger ze stalken. Hatt huet dem Fotograf säi Verhalen ausserdeem als ekleg bezeechent an huet souguer eng Gesetzesännerung gefuerdert.

Elo huet awer net d'Hilary eng Plainte géint de vermeintlechen Täter gemaach, mee de Fotograf huet eng Plainte géint d'Schauspillerin gemaach.

Wéi US-Medie schreiwen, beschëllegt de Fotograf déi zukünfteg Dräifach-Mamm der Verleumdung. Senger Meenung no hätt hatt him ee verwerflecht Verhale virgeheit an ënner anerem Uspillungen dorop gemaach, dass hie pedophil wier. Dem Fotograf no wollt hie just seng nei Kamera testen.

Vill Fans verstinn d'Schauspillerin a soen, do wollt just eng Mamm säi Kand beschützen. Anerer soen, hei géif ee schwaarze Mann fir eppes beschëllegt ginn, wat hien net gemaach huet.