D'Kim Kardashian léisst sech scheeden, d'Khloé Kardashian dogéint huet sech lo verloobt.

Et ginn News aus dem Kardashian-Jenner-Haus. Déi Kéier geet et awer net ëm dem Kim Kardashian seng Scheedung. Mee et geet ëm eng Verloobung.

An zwar huet sech d’Khloé Kardashian elo verloobt, an dat mat sengem Ex dem Tristan Thompson, mat deem hatt e Kand huet. Déi hunn bis ewell ëmmer nees eng On-Off-Bezéiung gehat.

D’Khloé huet deemno op Insta eng Foto mat engem decke fette Klunker um Fanger gepost, an engem Fan op d’Fro geäntwert, ob do wuel een sech bestuede wäert. An d’Khloé huet dat confirméiert.