De Christoph Metzelder soll kannerpornographesch Biller per Messenger-Déngscht weider verschéckt hunn. Hie streit d'Virwërf of.

De Christoph Metzelder muss viru Geriicht. Dem fréieren däitsche Fussball-Nationalspiller gëtt virgeheit an 29 Fäll pornographescht Material viru geschéckt ze hunn. An engem Fall soll de 40-Järegen ausserdeem Kanner- a Jugendpornographescht Material besiess hunn.

De fréiere Fussballer streit d'Virwërf of. Géint hie gëtt zënter 2019 ermëttelt. Deemools gouf och d'Haus vum Fussballer duerchsicht. De Metzelder hätt sech kooperativ verhalen, huet et deemools vum Parquet geheescht. Hie gouf net festgeholl.

Allerdéngs si seng Affekote géint d'Pressematdeelung vum Amtsgeriicht Düsseldorf virgaangen. Zil war et dem Geriicht ze ënnersoen Informatiounen iwwert seng Strofprozedur un d'Press weider ze ginn. Mee d'Gericht huet decidéiert, dass dat ëffentlecht Interessi hei méi grouss wier.

D'Haaptverhandlung am Fall Metzelder soll den 29. Abrëll ufänken. Een Urteel kéint den 10. Mee falen. Bis dohinner gëllt den Däitschen als onschëlleg.