D'Emma Watson wëll seng Schauspill-Karriär op Äis leeën, dat schreift d'Daily Mail.

D'Schauspillerin Emma Watson ass zënter sengem 9. Liewensjoer am Filmgeschäft. Als Hermine Granger an den "Harry Potter"-Filmer huet d'Emma sech an d'Häerze vun de Fans gezaubert. An och duerno huet hatt Filmer gedréint. Ma domadder soll elo wuel Schluss sinn.

Anscheinend wëll d'Emma Hollywood de Réck dréinen. Dat Gerücht wëll op alle Fall d'Daily Mail opgeschnaapt hunn. Wéi d'Zeitung schreift, géif d'Schauspillerin sengem Agent no ee "Wanterschlof" maachen also d'Karriär bis op Weideres op Äis leeën.

An de Grond dofir wier d'Léift! Nach 2019 sot d'Emma an engem Interview mat der Vogue, dass hatt Single aus Leidenschaft an domadder glécklech wier.

Ma wéi eréischt viru kuerzem bekannt ginn ass, ass d'Schauspillerin zënter 18 Méint mam Leo Alexander Robinton lieiert, an de Gerüchter no wieren si och verloobt. Confirméiert hunn déi Zwee dat awer net.