De fréieren US-President geet elo ënnert d'Podcaster.

De Barack Obama mécht et senger Fra Michelle no: de fréieren US-President huet elo een eegene Podcast mat der Rocklegende Bruce Springsteen.

Déi Zwee kennen sech zënter dem Obama sengem éischte Presidentschafts-Walkampf am Joer 2008 a sinn zënterhier befrënnt.

E Méindeg goufen déi zwou éischt Folge vum Podcast "Renegades: Born in the USA" verëffentlecht. Doranner schwätzen den Obama an de Springsteen iwwert hiert d'Liewen an den Zoustand vum Land. De fréieren US-President erzielt zum Beispill och vun enger gemeinsamer Aventure mam Secret Service.