Den 72 Joer ale Schauspiller kritt Vergewaltegung a sexuell Agressioune virgehäit.

Wéi elo eréischt bekannt ginn ass, ermëttelt déi franséisch Justiz géint de franséische Schauspiller Gérard Depardieu, an dat zënter Dezember d’lescht Joer.

Den 72 Joer ale Schauspiller kritt Vergewaltegung a sexuell Agressioune virgehäit. Eng jonk Schauspillerin geheit dem Fransous vir, si am Joer 2018 a senger Wunneng zu Paräis e puer mol vergewaltegt ze hunn. Den Depardieu dementéiert d’Virwërf.

Déi betraffe Schauspillerin hat deemols direkt eng Plainte gemaach, 2019 war d’Affär awer ouni Suitte vum Paräisser Parquet zougemaach ginn. Am Summer d’lescht Joer huet d’Actrisse erreecht, dass d’Enquête nees opgemaach gëtt.