Fir d'Lady Gaga muss et ee Schock gewiescht sinn. Net nëmmen dass op säin Hondsitter geschoss gouf, et goufen och nach zwee Hënn gekidnapped.

D'Lady Gaga huet seng Hënn iwwert alles gären. Fir dass trotz der Sängerin säi straffen Zäitplang seng Hënn genuch Auslaf kréien, huet hatt extra eng Persoun engagéiert, déi mat den Hënn reegelméisseg spadséiere geet.

Dobäi war et elo viru kuerzem allerdéngs zu engem schreckleche Virfall komm: Zwee Männer hunn op den Hondsitter am Ganze 4 mol geschoss, wéi hie mat den Hënn dobausse spadséiere war. Dobäi haten si 2 vun den 3 Hënn gekidnapped. Een Hond konnt fortlafen, a gouf méi spéit vum Bodyguard erëmfonnt.

Den Hondsitter gouf direkt an d'Spidol bruecht, him géif et nees besser goen. Et wier net nëmmen een Hondsitter, mee och ee gudde Kolleeg vum Lady Gaga.

Wisou op den Hondsitter geschoss gouf, a wisou si d’Hënn entféiert hunn, ass net gewosst. Wéi d'Police vu Los Angeles um Freideg matgedeelt huet, konnte béid Hënn nees heem bei d'Lady Gaga. Deemno soll eng Fra béid Hënn fonnt hunn a se bei der Police ofginn hunn.

D’Lady Gaga hat jiddefalls fir seng zwee vermëssten Hënn eng Belounung vu 500.000 Dollar ausgesat. Den Hond ass a bleift de beschte Frënd vum Mënsch.