De Prënz Harry huet an engem seelenen Interview mam James Corden erkläert firwat hien an seng Fra Meghan sech aus der Kinneksfamill zeréckgezunn hunn.

Dem Late Late Show Host James Corden säin Interview mam Prënz Harry war an engem spezielle Kader: um Daach vun engem Doppel-Deckerbus. De Prënz huet fir d’éischt emol zouginn dass hien nach ni an engem Touristebus war. Donieft huet hien awer och erkläert firwat hien, seng Fra Meghan Markle mat hirem Jong, den Archie, sech aus de Verflichtunge vun der brittescher Kinneksfamill zeréckgezunn hunn.

Verschidde brittesch Medien hätte mat hiren Artikele vill Lige verbreet déi en negativen Impakt op dem Prënz Harry seng mental Gesondheet haten. Hien hätt deemno d’Netflix-Serie „The Crown“ vill léiwer well dës sech kloer als Fiktioun ausgëtt. Och wann hien net méi aktive Member vun der Kinneksfamill ass, hätt hien awer nach ëmmer als Zil sech fir d’Gesellschaft anzesetzen.

De ganzen Interview kënnt dir iech hei ukucken: