Nom Iwwerfall op dem Lady Gaga säin Hondsitter, op dee 4 mol geschoss gouf, iwwerhëlt d'Sängerin d'Spidolskäschten.

Een Dag nom Iwwerfall sinn dem Lady Gaga seng zwee geknidnapped Hënn nees opgedaucht. Eng Fra, déi wuel näischt mam Iwwerfall ze dinn huet, soll d'Hënn fonnt an der Police iwwerginn hunn.

Den Hondsitter krut beim Iwwerfall an d'Broscht geschoss. Wéi et heescht, géif d'Lady Gaga déi 80.000 Euro Spidolskäschten iwwerhuelen. Dem Hondsitter géif et antëscht nees besser goen. An de soziale Medien huet d'Sängerin den Hondsitter als "Held" bezeechent.

D'Täter selwer konnten nach net ermëttelt ginn.