De Schauspiller war eng Kéier ee vun de ganz groussen, bis hie bal alles verluer huet. Elo 10 Joer méi spéit, bereit hie säi Verhalen.

Virun 10 Joer huet den Charlie Sheen bal alles verluer. Seng Roll bei "Two and a Half Men" hat den Ashton Kutcher iwwerholl, säi Mariage mat der Schauspillerin Brooke Mueller war zerstéiert an hie war ofhängeg vun Alkohol an Drogen.

Wéi schlëmm et wierklech fir hie war, huet hien elo an engem Interview mat "Yahoo Entertainment" erzielt. Hien huet deemno zouginn, dass et fir hie 55 verschidde Méiglechkeete ginn hätt fir aus der Situatioun ze kommen an hien hätt sech fir déi 56 Méiglechkeet entscheet. Hien hätt sech wéi ee Kand beholl. De Grond fir seng Eskapade gesäit hien nach ëmmer a sengem Suchtmëttel-Mëssbrauch.

Elo 10 Joer méi spéit, wier hien erwuesse ginn a bereit alles wat hie gemaach huet. Hien hätt sech Hëllef geholl a wëll seng Skandalzäit elo hannert sech loossen. Haut géif hien sech op eng nei Show konzentréieren.