No 7 Joer ass Schluss mam Mariage tëscht dem Kim Kardashian an dem Kanye West. De Scheedungsgrond gouf elo public gemaach.

Mëtt Februar ass bekannt ginn, dass de Reality-Star Kim Kardashian d'Dokumenter fir d'Scheedung vum Rapper Kanye West beim iewechte Geriicht vu Kalifornien agereecht huet.

De konkrete Grond fir d'Scheedung gouf awer net genannt - bis haut, well elo goufen d'Scheedungspabeieren ëffentlech gemaach. D'Kim huet deemno an de Pabeieren uginn, dass de Scheedungsgrond "oniwwerbréckbar Differenzen" wier. Dat kann allerdéngs villes heeschen.

Weider heescht et an de Pabeieren déi der Zeitung "The Sun" virleien, dass sech d'Kim d'Garde vun de 4 gemeinsame Kanner North (7), Saint (5), Chicago (3) a Psalm (1) mam Kanye deele wäert.

Weder d'Kim nach de Kanye hunn sech selwer zu der Scheedung geäussert.
Wéi gemunkelt gëtt, soll et vum Kim deemnächst ee gréisseren Interview ginn, bei deem et ëm d'Scheedung geet.