Hatt selwer kéint de Moment net soen, ob et eng weider Staffel wäert ginn. Et hätt een sech nach net entscheet.

Zënter 15 Joer gëtt et déi weltwäit beléiften Dokterserie "Grey's Anatomy". Fir d’Fans war et awer d’lescht Joer ee Schock wéi d’Haapt-Actrisse Ellen Pompeo annoncéiert hat, dass déi aktuell 17. Staffel wuel déi lescht ass. Elo huet sech d‘Actrisse nach eemol zu Wuert gemellt.

Am Interview mat CBS-Sunday Morning huet d’Ellen iwwert d’Zukunft vun der Kult-Serie geschwat. Hatt selwer kéint de Moment net soen, ob et eng weider Staffel wäert ginn. Et hätt een sech nach net entscheet. Am Moment sollen d’Produzenten awer versichen dat erauszefannen.

Et wier awer net esou einfach, esou eng Sendung adequat op en Enn ze bréngen. Wéinst de Fans wéilt een dat richteg maachen. Bleift also ofzewaarden, wéi et virugeet.

D'Ellen fänkt dëst Joer iwwerdeems een neie Projet mam Numm "Paradise" un.