Schock fir d'Kim Kardashian: et geet dës Kéier net ëm seng Scheedung, mee iwwert ee versichten Abroch!

D'Kim Kardashian wier bal iwwerfall ginn. De Keeping Up With The Kardashian - Star suergt aktuell mat senger Scheedung fir Schlagzeilen. Mee d'Scheedung gëtt elo vun enger anerer Meldung iwwerrannt: ee Mann soll versicht hunn, an dem Kim seng Villa anzebriechen.

Dem Promi-Portal TMZ no wier de 24-Järegen an dem Kim seng ofgerigelt Wunnanlag zu Los Angeles agedrongen. De Sécherheetsdéngscht an ee lokale Sheriff konnten den Abriecher awer mat Zäite stoppen.

De Mann soll behaapt hunn, dass hien d'Kim wollt gesinn an dass hatt seng Fra wier. Antëscht ass de Mann nees op fräiem Fouss.