D'Sängerin ass guer net frou iwwert eng Ausso an der Serie "Georgia and Ginny" a bezeechent dës als sexistesch.

D'Taylor Swift weist sech vun Netflix enttäuscht. Op Twitter huet d'Sängerin sech elo ferm iwwert de Streamingdéngscht opgereegt.

Konkret geet et ëm eng Ausso an der neier Serie "Ginny and Georgia". Der Sängerin no wier et ee "schlechten, zu déifst sexistesche Witz" deen op seng Käschte géing goen.

D'Ausso déi d'Taylor Swift stéiert, fält wärend engem Gespréich tëscht der Mamm Georgia an hirer Duechter Ginny. Wéi d'Mamm hir Duechter gefrot huet, ob hatt sech vu sengem Frënd getrennt huet, äntwert hatt frech: "Wat geet dech dat un, du wiessels deng Männer méi séier wéi d'Taylor Swift".

Eng Ausso, déi der Sängerin wuel een Dar am Aen ass. "Wéi wier et, wa mir ophale géinge Fraen déi haart schaffen ze degradéieren, andeems mir dëse Blödsinn als witzeg bezeechnen?", esou d'Taylor Swift op Twitter.