© Rich Fury / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Mat 18 Joer war de "Blurred Lines"-Sänger live bei engem Bankiwwerfall mat dobäi, hie gouf awer net blesséiert.
De Robin Thicke war Invité an der „Kelly Clarkson Show“ an do huet hien iwwert een traumatescht Erliefnis a senger Jugend erzielt.
De Sänger huet mat 18 Joer een Iwwerfall an enger Bank live materlieft. Hien huet erzielt, dass zwee Männer mat Masken an d’Bank erakomm sinn. Si haten automatesch Waffen dobäi an hu jiddereen opgefuerdert, sech op de Buedem ze leeën.
De Robin wollt zu deem Moment Sue fir ee Weekend-Trip huelen. Fir hie war et wéi an de Filmer, et war am éischte Moment surreal.
D’Erliefnis wier zwar fir hie schlëmm gewiescht, mee hien hätt dat awer gutt verschafft. Zum Beispill a sengem Song „Oh Shooter“ vun 2002.