Männer sollten hirer Fra d’Hallschent vun hirer Paie ausbezuelen, wann si sech ëm den Haushalt an d’Kannerfleeg këmmeren.

D'Sarah Connor fuerdert méi Paie fir d’Fraen. Am Kader vum Weltfraen-Dag, deen den 8. Mäerz ass, setzt sech d’Sängerin fir déi sou genannten „Care-Aarbecht“ am Bestietnis an.

Ënner "Care-Aarbecht" versteet een d’Managen vum Haushalt an de Kanner. D’Sängerin fuerdert deemno an engem Gaascht-Bäitrag an der Zeitung „die Zeit“ méi Gerechtegkeet fir Fraen.

Männer sollten dofir hirer Fra d’Hallschent vun hirer Paie ausbezuelen, wann si sech ëm den Haushalt an d’Kannerfleeg këmmeren.