© Odd ANDERSEN / AFP
Den Elon Musk huet alles wat e wëll, bal alles. Elo wëll hir seng eege Stad an zwar am Texas!
Den Elon Musk ass Milliardär a Besëtzer vun der Raumfaart-Entreprise SpaceX. Hien ass dofir bekannt e bësse speziell ze sinn. An och dat heiten ass speziell: den Elon Musk wëll seng eege Stad am Texas! Et geet konkret ëm de sou genannten Boca-Chica-Village. Do ronderëm steet scho seng Entreprise wou d’Rakéite gebaut ginn wéi och seng eege Weltraum-Gare. Hie wëll deemno eng ganz Stad ronderëm bauen an déi „Starbase“ also „Stäre-Basis“ nennen. Dat huet hie selwer op Twitter matgedeelt. Hien huet anscheinend schonn eng Demande gemaach fir ebe seng eege Stad opzebauen.