De Grond dofir ass dem Mariah seng Biografie "The Meaning of Mariah Carey"

D’Mariah Carey ass net ze beneiden. D‘Sängerin gëtt elo och vu sengem Brudder verklot. De Morgan Carey verklot seng Schwëster Mariah elo wéinst Verleumdung a wéinst mat Absicht Zoufüge vun emotionalem Leed. Dat geet aus de Geriichts-Dokumenter ervir, déi den 3. Mäerz zu New York agereecht gi sinn. De Grond ass, wéi scho bei der Klo vum Mariah senger Schwëster Alison, dem Mariah seng Biografie. An där beschreift d’Sängerin ënner anerem ee schlëmme Sträit tëscht hirem Brudder an hirem Pap. Do geet et ëm Brutalitéit an Angscht. De Brudder dementéiert d’Virwërf. Am Géigesaz zum Alison Carey fuerdert hien awer keng bestëmmten Geldzomm als Schuedenersatz. D’Mariah selwer huet sech nach zu kengem vun de Virwërf geäussert.