Et ginn ëmmer méi Aussoe public gemaach, déi d’Meghan am Interview mat der Talkshow-Masterin Oprah gesot huet.

Bei de brittesche Royals ass et de Moment wéi an enger Soap: Mobbing, Liggen, Verrot – et gëtt wierklech ëmmer méi schlëmm kuerz iert den Enthüllungs-Interview vum Meghan an Harry e Sonndeg an den USA ausgestraalt gëtt.

Et ginn ëmmer méi Aussoe public gemaach, déi d’Meghan am Interview mat der Talkshow-Masterin Oprah gesot huet. Zum Beispill dass déi kinneklech Famill eng aktiv Roll doranner géif spillen, Onwouerechten iwwert d’Meghan an den Harry Oprecht ze erhalen. An dee Virworf ass hefteg well der Queen domat indirekt virgeheit gëtt, ze leien. En plus bezeechent d'Meghan de Palais mat engem Nickname, nämlech "the firm". 

Den Interview gëtt dëse Sonndeg an den USA ausgestralt a soll eng 90 Minutte laang daueren. Fir d'éischt soll et een eenzel Interview tëscht dem Meghan an dem Oprah ginn. Do geet et ënner anerem ëm d'Enn vu senger Schauspillkarriär a wéi hatt bei de Royals agefouert gouf, wéi d'Liewen als Royal fir hatt ass/war a wéi et als Mamm ass a wéi et mam ëffentlechen Drock eens gëtt. Duerno gëtt den Interview mam Meghan an Harry zesumme gemaach.