© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archives/KEVIN WINTER
Fans vum Rapper Drake si sech sécher, dass de Rapper a sengem neie Lidd eng Affär mam Kim Kardashian zougëtt.
Den Drake huet de 5. Mäerz säin neien Album "Scary Hours 2" erausbruecht. Elo hu Fans vum Rapper behaapt, dass et an engem vu sengen neie Lidder ëm eng Affär mam Kim Kardashian géif goen.
D'Zeil "Yeah, I probably should go link with Yeezy, I need me some Jesus. But soon as I started confessin' my sins, he wouldn't believe us" aus dem Lidd "Wants and Needs" soll elo zu Rumeuren zu enger Affär gefouert hunn.
Schonn 2018 haten déi selwecht Rumeuren d'Ronn gemaach, nodeems dat Lidd "In my feelings" vum Drake rauskomm ass, an deem hien iwwer e "Kiki" séngt, de Spëtznumm vum Kim Kardashian.
Zanter Mëtt Februar ass bekannt, dass d'Kim Kardashian a säi Mann Kanye West d'Scheedung agereecht hunn.