© LOIC VENANCE / AFP
D'Duechter vum John Travolta wëll esou erfollegräich wéi säi Papp ginn. Elo krut hatt seng éischt Haaptroll an enger Märcheverfilmung.
D'Ella Bleu Travolta (20) ass an der Schauspillwelt opgewuess. Elo wëll d'Duechter vum John Travolta (67) esou berüümt wéi säi Papp ginn.
Wéi "Deadline" mellt iwwerhëlt hatt am Film "Get Lost" eng Haaptroll. Dat huet déi jonk Schauspillerin och op Insta confirméiert. Am Film wäert sech d'Ella an ee modernt "Alice in Wonderland" verwandelen.
D'Charakteren aus dem Kannerbuch-Klassiker ginn an der Neiinterpretatioun als Mënschen duergestallt. Déi 20-Järeg spillt d'Alice, déi als Backpackerin eng magesch Rees an d'Wonnerland zu Budapest mécht. Op senger Rees duerch Europa wëll hatt de leschte Wonsch vu senger Mamm erfëllen. Per Zoufall begéint hatt engem geheimnisvolle Meedchen.
Dréistart fir d'Märchen ass dëse Summer zu Budapest. D'Ella Travolta stoung well mat sengem Papp virun der Kamera, ënner anerem fir "Old Dogs - Daddy or Deal" a fir d'lescht "The Poison Rose".