De Bieber huet eng mysteriéis Telefonsnummer public gemaach an d'Fans sinn doropshin duerchgedréint. War et seng perséinlech Nummer?

Wann ee Megastar mol einfach sou eng Telefonsnummer mat senge Fans deelt, ass séier der Däiwel lass. Virun allem wann d'Nummer vum Justin Bieber héchstperséinlech gedeelt gëtt.

Mee kënnen d'Fans hiren Idol elo wierklech héchstperséinlech per Telefon erreechen? Wat stécht hannert der Telefonsnummer?

Op Twitter schreift den Justin Bieber "Call if you need somebody, I will be there for you" an nieft dem Saz steet eng Telefonsnummer. An dës Nummer gëtt et wierklech, et ass kee Fake.

Tatsächlech wann een urifft, héiert een den Justin Bieber, méi genee héiert ee seng Stëmm vun engem Band. Ze héieren ass wéi hien "Call if you need somebody, I will be there for you" séngt.

Leider kann een net héchstperséinlech mam Bieber telefonéieren, mee hie mécht domadder Reklamm fir säin neien Album mat engem Extrait aus engem neie Song.

D'Fans dierften sech doriwwer freeën, obwuel dës sécherlech vill léiwer gäre mam "reellen" Justin telefonéiere géingen.