Den Oprah-Interview mam Meghan an Harry gouf mat grousser Spannung erwaart an hat och e puer brisant Aussoen.

De brittesche Prënz Harry a seng Fra Meghan hunn am CBS-Interview mat der amerikanescher Talkshow-Masterin Oprah dat brittescht Kinnekshaus deels hefteg kritiséiert.

D'Fra vum Prënz Harry sot ënner anerem, dass den Drock an der Kinneksfamill enorm gewiescht wier, hatt hätt sech wéi an engem gëllege Käfeg gefillt. Et hätt näischt dierfte soen.

D'Meghan huet och vu rassisteschem Verhale wärend senger Schwangerschaft geschwat. Et hätt deemno Bedenke ginn, wéi donkel d'Haut vu sengem Jong Archie kéint sinn. Dëst wier aus Gespréicher "mat der Famill" vum Harry ervirgaangen. Nimm huet d'Meghan awer net genannt, wéi hatt selwer sot, géing dat dëse Persounen ze vill schueden. Et wier awer kloer gewiescht, dass een ze donkele Puppelchen ee Problem fir de Palais gewiescht wier.

An de leschte Méint vu senger Schwangerschaft hätt een dem Meghan och gesot, dass säi Kand kee Prënz oder keng Prinzessin wäert sinn, heescht säi Kand kritt keng Security. Ob d'Fro hin, firwat him an dem Harry säi Kand kee Schutz kritt, hätt ee bis haut keng Äntwert kritt, esou d'Meghan.

Wéi den Archie am Mee 2018 gebuer gouf, goufen et och vill Diskussiounen doriwwer, ob den Harry an d'Meghan sech mam Neigebuerene virum Spidol fotograféiere géife loossen. Esou wéi dat och d'Prinzessin Diana an d'Herzogin Catherine bei hire Kanner gemaach haten. Deemools huet et geheescht, d'Koppel géif Wäert op Privatssphär leeën a wéilte kee Medienzirkus. D'Meghan sot am Interview awer dass dat net stëmme géing. Him an dem Harry wier d'Spidols-Foto "verbuede" ginn.

Do dernieft huet d'Meghan iwwert de Virfall mam Prënz William senger Fra Catherine geschwat. Dëse wier komplett falsch duergestallt ginn, dat wier fir d'Meghan den Ufank vu Rufmord gewiescht, esou déi 39-Järeg. Deemno wier et net d'Meghan gewiescht dat d'Catherine zum Kräische bruecht huet mee ëmgedréint, an d'Catherine hätt sech dofir och beim Meghan entschëllegt. Dobäi wier et ëm eng Geschicht mat engem Blummemeedche kuerz virun der Hochzäit gaangen, eng Zäit wou jiddereen zimmlech ënner Drock stoung. Jiddereen hätt d'Wouerecht kannt, trotzdeem wieren Onwouerechten erzielt ginn, a keen hätt eppes géint dës Fake News ënnerholl.

Am Gespréich mam Oprah huet d'Meghan och vu Selbstmord-Gedanke geschwat. Hatt wier mat der ganzer Situatioun net méi eens ginn, den Drock wier ze grouss ginn an hatt hätt den Harry wéi och de Palais ëm professionell Hëllef gefrot. Dës Hëllef hätt een awer refuséiert kritt. Et hätt gesot kritt, dass dat der "Firma" schuede kéint. Mat "Firma" ass dat brittescht Kinnekshaus gemengt.

Dem Prënz Harry no wieren si verzweifelt gewiescht. Allebéid hätten no Hëllef gefrot a keng kritt. Et wier eng Widderhuelung vun der Geschicht gewiescht. Domat mengt den Harry seng Mamm d'Lady Diana. Et hätt een hinnen ëmmer nees gesot, "dat wier eben sou". An dat wier de Grond gewiescht, wisou si dat brittescht Kinnekshaus verlooss hunn. Et hätt ze wéineg Verständnis an ze wéineg Ënnerstëtzung ginn.

De Prënz Harry huet iwwerdeems erzielt, dass säi Verhältnis mat sengem Papp a sengem Brudder nees besser wier. Et misst een awer nach dru geschaffen, hie wier wierklech enttäuscht gewiescht. Säi Papp hätt änleches duerchgemaach, a misst den Harry verstoen, hien hätt sech do méi Ënnerstëtzung erwaart.

Den Harry hätt och Matgefill mat sengem Papp a Brudder. Hien hätt sech am Kinnekshaus gefaange gefillt, och säi Papp a Brudder wiere vum System gefaangen a kéinten net goen an dat géif him Leed doen.

Entgéint den Erwaardungen an der brittescher Press huet d'Meghan op perséinlech Attacke géint d'Kinneksfamill awer verzicht. D'Queen Elizabeth hätt sech ganz gutt ëm d'Meghan gekëmmert, esou d'Herzogin. An d'Meghan sot och dass d'Catherine eng "gutt Persoun" wier.

D'Meghan huet awer och verroden, dass hatt an den Harry sech well 3 Deeg virun der royaler Hochzäit am Mee 2018 am klenge Krees bestuet hunn.

Den Harry an d'Meghan haten hir royal Flichte viru ronn engem Joer opginn a ware mat hirem Bouf dem Archie an d'USA geplënnert. Antëscht erwaart d'Koppel hiert zweet Kand, am Interview huet d'Meghan gesot, dass et ee Meedche gëtt. Weider Kanner wieren net geplangt.