D'Reaktiounen nom Oprah-Interview mam Meghan an Harry sinn an der Promi- a Fanwelt gemëscht. Vun de Royals huet sech nach keen zum Interview geäussert.

Et war warscheinlech den Interview vum Joer. Den Interview vun der Talkshow-Legend Oprah Winfrey mam brittesche Prënz Harry a sengem Meghan. Weltwäit gouf doriwwer bericht, an elo gëtt natierlech op Reaktioune gewaart, virun allem aus dem Buckingham Palace.

Bis ewell ass et zu London awer nach roueg. Allgemeng äusseren sech d’Royals net zu private Saachen. Dofir ass d’Warscheinlechkeet eng Reaktioun z.B. vun der Queen ze kréien, zimmlech kleng.

Dem Prënz Harry säi Brudder de William a seng Fra Kate hunn sech e Méindeg gemellt, allerdéngs net wéinst dem Oprah-Interview, mee zu engem ganz anerem Thema. Am Netz hunn si een Twitter-Post vun der Queen zum Commonwealth Day gedeelt. Do dernieft hat d’Kate am Kader vum Weltfraendag een Interview. An dat war et.

Et schéngt wéi wann d'Royals den Oprah-Interview einfach net weider thematiséiere wéilten.

Wärend dem Interview goufen et och Rassismus-Virwërf géint de Palais.
A jidderee freet sech, wien ass de Rassist am kinnekleche Palais? A wien huet sech Gedanke doriwwer gemaach, wéi donkel d'Hautfaarf vum Archie, Bouf vum Meghan an Harry, gëtt?

Am Interview wollten d'Meghan an den Harry et net erzielen, den Harry sot och, dass hien dat nimols wäert erzielen.

D'Talkmasterin Oprah huet elo awer ee wichtegen Detail verroden. Den Harry huet him nom Interview deemno erzielt, dass et sech dobäi net ëm de Prënz Philipp oder d'Queen géif handelen. Dat mécht de Krees vun de 'Verdächtegen' ee Stéck méi kleng. Et bleiwen also d'Kate an de William wat den Experten no éischter als onwarscheinlech gëllt. Bleift nach dem Harry säin eegen Papp de Prënz Charles. Mee och do weess een et net, a wäert een et wuel éischter net gewuer ginn.

CBS huet iwwerdeems weidert Material aus dem Interview verëffentlecht, dat nach net gewise gouf. Kuckt hei: