© POOL/AFP/Archiv/John Stillwell
An engem Statement vum Buckingham Palace heescht et, dass d'Queen zudéifst traureg wier an dass een d'Rassismusvirwërf ganz eescht géif huelen.
Mat Spannung gouf op eng Reaktioun vum brittesche Kinnekshaus op den Interview vum Prënz Harry an der Herzogin Meghan gewaard. Elo huet sech d'Queen dozou geäussert. Eppes wat äusserst seelen ass, well d'Kinnekshaus éischter seelen op privat Saachen ëffentlech reagéiert.
An enger Erklärung vum Buckingham Palace heescht et, dass déi ganz Famill traureg wier iwwert dat wat se gewuer gi sinn a wéi schwéier et an de leschte Jore fir den Harry an d'Meghan gewiescht wier. D'Themen, déi am Interview ugeschwat goufen, virun allem d'Thema Rassismus, géifen engem Suerge maachen. Et wäert een doriwwer privat an der Famill diskutéieren. Den Harry, d'Meghan an den Archie wäerten ëmmer beléifte Familljemembere sinn, heescht et weider.
Statement aus dem Buckingham Palace:
"The whole family is saddened to learn the full extent of how challenging the last few years have been for Harry and Meghan."
"The issues raised, particularly that of race, are concerning," the statement continued. "Whilst some recollections may vary, they are taken very seriously and will be addressed by the family privately. Harry, Meghan and Archie will always be much loved family members."
LINK / Liest hei nach eng Kéier d'Virwërf vum Harry a Meghan