Wéi et heescht, hätt dee méi jonken Hond een aggressivt Verhale gehat. Et hätt ënner anerem ee "Bäiss-Virfall" ginn.

Dem US-President Joe Biden seng Hënn sinn aus dem Wäissen Haus geflunn. Déi zwee Hënn, eemol 3 Joer an eemol 13 Joer, goufen elo am privaten Haus vum President ënnerbruecht.

Wéi et heescht, hätt dee méi jonken Hond een aggressivt Verhalen gehat. En hätt Mataarbechter wéi och d’Sécherheetspersonal attackéiert an ugebillt. Et soll ee "Bäiss-Virfall" mat de Bodyguards ginn hunn. Ob dësen dobäi blesséiert gouf, ass awer net bekannt.

Ob d’Wäisst Haus elo ouni Déier bleift, ass och net gewosst. D’First Lady Jill Biden hat awer eng Kéier erwänt, dass hatt sech eng Kaz wënscht.

RTL

© JIM WATSON / AFP