© AFP/Archiv/SAUL LOEB
Den Organisateuren no hatt sech d’Michelle Obama zu eng vun den aflossräichsten an ikoneschste Frae vum 21. Jorhonnert entwéckelt.
Déi fréier amerikanesch First Lady Michelle Obama gëtt an der National Women's Hall of Fame opgeholl. Den Organisateuren no hatt sech d’Michelle Obama zu eng vun den aflossräichsten an ikoneschste Frae vum 21. Joerhonnert entwéckelt. Déi 59-Järeg wier eng Spriecherin fir gesond Famillen, a fir international Bildung vu jonke Frae ginn, a wier ee Virbild fir Fraen a jonk Meedercher op der ganzer Welt.