Bei „Good Morning Britain“ huet de 76 Joer ale Papp vum Meghan, d’Koppel live op der Telé erpresst.

Nom Interview vum brittesche Prënz Harry an der Herzogin Meghan huet sech och de Papp vun der Schauspillerin zu Wuert gemellt.

Bei „Good Morning Britain“ huet de 76 Joer ale Papp vum Meghan, d’Koppel live op der Telé erpresst. An zwar sot hien, dass wann hien an den nächsten 30 Deeg näischt vun der Koppel heescht, gëtt hien da Press nach eng privat respektiv pikant Geschicht.

Als Grond fir säi Verhalen huet den Thomas Markle d’Tatsaach genannt, dass weder d’Meghan nach den Harry bereet sinn, sech bei him ze mellen. Wann si sech dozou decidéiere mat him ze schwätzen, hält hien op mat der Press ze schwätzen.

Am Interview mam Oprah hat d'Meghan erzielt, dass et schwiereg wier, sech nees mat sengem Papp ze verdroen, nodeems hien hatt "verroden" huet. Den Thomas Markle hat sech 2018 kurz virun der Hochzäit vum Meghan an Harry fir Paparazzi-Fotoe bezuele gelooss an hat oppe mat der Press iwwert seng Duechter geschwat.

An doriwwer ass d'Meghan rosen. A säi Papp ass enttäuscht well d'Meghan him net verzéie respektiv net méi mat him schwätze wëll. Hien hätt sech op d'mannst honnert mol dofir entschëllegt, wat geschitt ass, esou den Thomas Markle am Telés-Interview.