© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Vivien Killilea
Zwee amerikanesch Deputéiert fuerderen, dass am US-Kongress iwwert d’Tutelle, déi dem Britney säi Papp iwwert hatt huet, geschwat gëtt.
Gëtt d’Britney Spears elo ee Fall fir d’US-Politik?
Zwee amerikanesch Deputéiert fuerderen, dass am US-Kongress iwwert d’Tutelle, déi dem Britney säi Papp iwwert hatt huet, geschwat gëtt.
Et huet sech jo antëscht eng ganz Beweegung vu Fans gebilt, déi wëllen dass d’Britney befreit gëtt, #freebritney also, hatt wier zu onrecht an dëser Aart Gefaangenschaft, a säi Papp wéilt just dem Britney seng Suen, respektiv iwwert dem Britney seng Sue verfügen.