© dpa/AFP/Archiv/Henning Kaiser
Wéi den däitschen RTL selwer matdeelt, ass no der Finale vun der aktueller DSDS-Staffel Schluss.
De Pop-Titan Dieter Bohlen mécht iwwerraschend Schluss mat "Deutschland sucht den Superstar". Dat huet den däitschen RTL um Donneschdeg matgedeelt.
D'Finale vun der aktueller 18. Staffel den 3. Abrëll 2021 ass dem Communiqué no déi lescht Show vum Dieter Bohlen um Jurystull.
Offiziell heescht et: "Vun der nächster Staffel un (2022) wäert DSDS seng Fans eng éischte Kéier no 20 Joer mat enger komplett nei besater Jury begeeschteren. Den Dieter Bohlen iwwergëtt de Kommando um Jurypult no der aktueller Staffel u staark Nofollger." Wien d'Nofollger sinn, gëtt net gesot.
Och bei "Das Supertalent" ass den Dieter Bohlen eraus, a wäert net méi Deel vun der 15. Staffel sinn, déi am Hierscht 2021 start.
De Bohlen selwer huet sech dozou nach net geäussert.