De Robert an d'Carmen Geiss souze grad zu Madrid am Fliger, wéi e puer Polizisten de Robert festgeholl hunn.

Den däitschen Millionär Robert Geiss vun der Kult-Emissioun "Die Geissens" gouf um Fluchhafe vu Madrid festgeholl.

De Robert an d’Carmen Geiss waren aus der dominikanescher Republik zeréckkomm a souze grad zu Madrid am Fliger, wéi e puer Polizisten de Robert festgeholl hunn.

Wéi et heescht, géif et ëm een Haftbefeel aus dem Joer 1999 goen. De Robert Geiss war vum Geriicht wéinst enger Bootsgeschicht als Zeie geruff ginn, ass do awer ni opgedaucht. Doropshin ass een Haftbefeel erausgaangen. De Virworf wier scho verjärt, wier awer ni aus dem Computer geläscht ginn, esou de Robert Geiss.

Hien huet een Dag laang missen am Prisong sëtzen, iert säin Affekot hien do erausgeholl huet.