De brittesche Prënz war grad op Visitt an enger Schoul, wéi ee Reporter hie gefrot huet, wat hien zu de Rassismus-Virwërf ze soen huet.

Nom groussen Harry a Meghan Interview an de Rassismus-Virwërf huet sech elo de Prënz William zu Wuert gemellt.

De brittesche Prënz  war grad op Visitt an enger Schoul, wéi ee Reporter hie gefrot huet, wat hien zu de Rassismus-Virwërf ze soen huet. Hien huet deemno erkläert, dass si "keng rassistesch Famill" wieren. Zënter der Ausstralung vum Interview hätt hien nach net kéinte mat sengem Brudder doriwwer schwätzen. Dat géif hien awer nach maachen.